Vollekszielung 2021 / Recensement de la population 2021

Vollekszielung vum 8. November 2021

D’Vollekszielung 2021 gëtt vum STATEC an Zesummenaarbecht mat Guichet.lu, souwéi mat de Gemengen hei am Land organiséiert fir d’Awunnerzuel an d’Wunnenge vum 8. November 2021 un ze zielen. D’Wichtegkeet, d’Fortschrëtter an den Oflaf vun der Vollekszielung sinn op enger Pressekonferenz a Presenz vum Wirtschaftsminister Franz Fayot, vum Direkter vum STATEC, Serge Allegrezza, a vum Vizepresident vum Syvicol, Serge Hoffmann, virgestallt ginn.

Firwat eng Vollekszielung?

D’Zil vun enger Vollekszielung ass et, Donnéeën iwwert d’Bevëlkerung, d’Menagen an d’Wunnengen ze sammelen, fir d’Besoine virauszegesinn an der Landesplanung, bei Schoulen, Crèchen, Klinicken, Alters- a Fleegeheimer, Wunnengen asw.

 

Weider Informatiounen ënnert: https://rp2021.lu/​

 

 

Recensement à partir du 8 novembre 2021

Le recensement de la population décennal de 2021 sera piloté par le STATEC, en collaboration avec Guichet.lu ainsi qu’avec les villes et communes du pays, pour recenser la population et les logements à la date du 8 novembre 2021. L’importance particulière du recensement, son déroulement et ses modalités ont été présentés lors d’une conférence de presse en présence du ministre de l’Économie, Franz Fayot, du directeur du STATEC, Serge Allegrezza, et du vice-président du Syvicol, Serge Hoffmann.

Pourquoi un recensement ?

L’objectif d’un recensement est de recueillir des données sur la population, les ménages et les logements pour anticiper les besoins en aménagement du territoire, écoles, crèches, hôpitaux, maisons de retraite et de soins, logements etc.

 

Plus d’informations sous: https://rp2021.lu/

Dernière modification le 15.11.2021

Des articles de la même catégorie

Éischt-Hëllefs Cours

Éischt-Hëllefs Cours

Wësst Dir, wéi Dir an engem Noutfall richteg reagéiert? Déi richteg Handgrëffer kënnen an enger kritescher Situatioun den Ënnerscheed maachen. Dofir bitt de CGDIS dësen Hierscht zu Heischent zwee Éischt-Hëllefs Coursen un: eng Formatioun op Lëtzebuergesch an eng...

lire plus
Appel à candidatures

Appel à candidatures

D'Gemeng Esch-Sauer engagéiert:   1 Agent technique (m/f/d) Fir d'Besoine vum Service technique Fonctionnaire / Employé communal A2 oder B1 CDI 100 % Délai fir d’Demanden: 18. Oktober 2026 Wichteg: Bewerbunge si just online méiglech! Bewerbt iech elo op:...

lire plus
Aller au contenu principal