Maison Relais-Kannerstuff

D’Kannerstuff ass en Haus vun der Gemeng Esch-Sauer, dat den Elteren an de Kanner d’Méiglechkeet gëtt, nieft der Schoul eng flott a gutt Betreiung an Hëllef ze kréien.​

Bei eis gët et:​
– e Mëttegiessen,​​ dat frësch vu Dussmann zoubereed a geliwwert gëtt
– Hausaufgabenhëllef no der Schoul: mir passen op an erklären wou Hëllef gebraucht gëtt
– Spill a kreativ Aktivitéiten sinn all Dag um Programm, förderen d’Zesummeliewen, d’Kreativitéit an d’Entwécklung vum Kand a maache vill Spaass.

Well d’Kapazitéite strikt reglementéiert si vum Familienministère, ginn d’Aschreiwungen vu Schouljoer zu Schouljoer gemach. Wa keng Plaze méi fräi sinn, féiere mer eng Waardelescht. Wann dir interesseiert sidd, kommt bei eis laanscht fir weider Informatiounen oder rufft un um 26 88 95 03.​

Dernière modification le 31.08.2023
Aller au contenu principal