National Naturpakt-Bamchallenge

 

National Naturpakt-Bamchallenge: D’Gemeng Esch-Sauer mécht mat!

D’Gemeng Esch-Sauer hëlt un der Nationaler Naturpakt-Bamchallenge deel a rifft all Biergerinnen a Bierger, Veräiner, Bëschbesëtzer a Betriber dozou op, sech aktiv un dëser Initiativ ze bedeelegen.

Hutt Dir an de leschte Méint een oder méi eenheemesch Beem an Ärem Gaart geplanzt? Hutt Dir als Veräi bei enger Bam-Planzaktioun matgemaach, als Bëschbesëtzer e Mëschbësch ugeluecht oder als Betrib Ären Terrain begréngt? Da kënnt Dir Är Beem registréieren an esou direkt zur Bilanz vun eiser Gemeng bäidroen.

Déi geplanzte Beem kënnen iwwer d’Plattform MapMyTree agedroe ginn.

Och Biergerinnen a Bierger, déi Iddien oder Virschléi hunn, wou an der Gemeng zousätzlech Beem kéinte geplanzt ginn, si häerzlech invitéiert, dës matzedeelen. Propositioune kënnen direkt iwwer d’Websäit vun der Challenge agereecht ginn.

Mam gemeinsame Bäitrag vun alle Bierger, Veräiner, Bëschbesëtzer a Betriber wëll d’Gemeng Esch-Sauer zu deene Gemenge gehéieren, an deenen tëscht dem 1. Januar 2026 an dem 31. Mee 2027 déi meeschte Beem geplanzt goufen.

Maacht mat!

All registréierte Bam zielt fir eis Gemeng. Kontrolléiert, ob Är Beemplanzungen schonn agedroe sinn, a registréiert se nach haut op MapMyTree. Informéiert och Är Famill, Noperen, Veräiner a Bekannten iwwer d’Challenge a motivéiert si, sech un dëser gemeinsamer Aktioun fir méi Natur a Biodiversitéit ze bedeelegen. Nëmmen zesumme kënne mir eist Zil erreechen.

Weider Informatiounen zur Naturpakt-Bamchallenge fannt Dir ënnert:  https://naturpakt-bamchallenge.lu

All Bam zielt. Maacht elo mat an hëlleft, Esch-Sauer nach méi gréng, méi klimafrëndlech a méi liewenswäert ze gestalten.

 

Dernière modification le 03.11.2026

Des articles de la même catégorie

Klimabonus Roadshow 

Klimabonus Roadshow 

Klimabonus-Roadshow mécht Statioun zu Ettelbréck Déi national Klimabonus-Roadshow mécht den 10. November 2026 Halt zu Ettelbréck. D'Initiativ gëtt a verschiddene Regioune vum Land organiséiert a soll Biergerinnen a Bierger iwwer déi aktuell staatlech Hëllefen am...

lire plus
Aller au contenu principal