Am Kader vun dem SIDEC sengen Aktioune “ReUse” sammelt de SIDEC a senge Ressourcenzenteren ab dem 16. August 2023 Valisen, Poschen a Rucksäck.
No enger visueller Kontroll duerch d’Mataarbechter vum Ressourcenzenter ginn déi Objeten, déi nach funktionell sinn, zwecks engem zweete Liewen interesséierten Notzer vum Ressourcenzenter op eege Verantwortung an ouni Garantie rëm zur Verfügung gestallt.