Sëlwer-Zertifizéierung am Naturpakt

Den 9. September 2026 hu mir d’Sëlwer-Zertifizéierung am Naturpakt erreecht. Mat dëser Auszeechnung gëtt eisen Engagement fir den Naturschutz souwéi fir den Erhalt an d’Fërderung vun der Biodiversitéit unerkannt.

Mir wëllen dëse Wee och an Zukunft konsequent weidergoen, ënner anerem duerch d’Gestaltung vu weideren naturnoe Gréngflächen an eng nohalteg Bewirtschaftung vun eise gemengen eegene Flächen zesumme mat de betraffene Bewirtschafter.

Dëse Succès ass net zulescht der permanenter Ënnerstëtzung vun de Membere vun eisem Naturpakt-Team an der enker Zesummenaarbecht mam Naturpark Öewersauer ze verdanken. Gemeinsam wäerte mir och an Zukunft eis Efforte fir de Schutz vun der Natur an d’Fërderung vun der Biodiversitéit weider ausbauen.

 

 

Dernière modification le 20.10.2026

Des articles de la même catégorie

Éischt-Hëllefs Cours

Éischt-Hëllefs Cours

Wësst Dir, wéi Dir an engem Noutfall richteg reagéiert? Déi richteg Handgrëffer kënnen an enger kritescher Situatioun den Ënnerscheed maachen. Dofir bitt de CGDIS dësen Hierscht zu Heischent zwee Éischt-Hëllefs Coursen un: eng Formatioun op Lëtzebuergesch an eng...

lire plus
Appel à candidatures

Appel à candidatures

D'Gemeng Esch-Sauer engagéiert:   1 Agent technique (m/f/d) Fir d'Besoine vum Service technique Fonctionnaire / Employé communal A2 oder B1 CDI 100 % Délai fir d’Demanden: 18. Oktober 2026 Wichteg: Bewerbunge si just online méiglech! Bewerbt iech elo op:...

lire plus
Aller au contenu principal