„Repair Café“ an der Gemeng Esch-Sauer – Mir brauchen Är Ënnerstëtzung!

„Repair Café“ an der Gemeng Esch-Sauer – Mir brauchen Är Ënnerstëtzung!

Ganz am Sënn vun der Nohaltegkeet organiséiert d’Kommissioun fir Ëmwelt, Energie a Mobilitéit vun der Gemeng Esch-Sauer di zweet Editioun vum Repair Café. Dofir si mir nach ëmmer op der Sich no motivéierte Leit, déi bereet sinn, a reegelméissegen Ofstänn samsdes moies hiere Know-How an hir Zäit an dëse Projet ze investéieren.

Egal, ob s de Profi am Handwierk oder Expert an der Technik bass – all Fäegkeeten si gefrot (bitzen, bastelen, flécken)!

Hues de Interessi? Da kontaktéier eis iwwer: jenny.schank@esch-sur-sure.lu

Du weess net genee, wat e „Repair Café“ ass? Kee Problem! All Informatioune fënns de op www.repaircafe.lu.

Save the Date:

Den zweete Repair Café zu Heischent an der aler Spillschoul bei der Sportshal fënnt samsdes, den 12. Juli 2025 vu 9-12 Auer statt!

Mir freeën eis op deng Ënnerstëtzung bei dësem nohaltege, gemeinsame Projet!

Dernière modification le 24.06.2025

Des articles de la même catégorie

Éischt-Hëllefs Cours

Éischt-Hëllefs Cours

Wësst Dir, wéi Dir an engem Noutfall richteg reagéiert? Déi richteg Handgrëffer kënnen an enger kritescher Situatioun den Ënnerscheed maachen. Dofir bitt de CGDIS dësen Hierscht zu Heischent zwee Éischt-Hëllefs Coursen un: eng Formatioun op Lëtzebuergesch an eng...

lire plus
Appel à candidatures

Appel à candidatures

D'Gemeng Esch-Sauer engagéiert:   1 Agent technique (m/f/d) Fir d'Besoine vum Service technique Fonctionnaire / Employé communal A2 oder B1 CDI 100 % Délai fir d’Demanden: 18. Oktober 2026 Wichteg: Bewerbunge si just online méiglech! Bewerbt iech elo op:...

lire plus
Aller au contenu principal