
D’Administration des ponts et chaussées invitéiert d’Biergerinnen an d’Bierger op eng ëffentlech Informatiounsversammlung iwwert déi geplangten Aarbechten un a ronderëm d’Staumauer.
Am Kader vun dëser Versammlung gëtt de Projet am Detail virgestallt. D’Participante kréien Informatiounen iwwer den Ëmfang vun den Aarbechten, déi virgesi Dauer vum Chantier, d’Auswierkungen op de Verkéier souwéi iwwer déi verschidde Realisatiounsphase vum Projet.
Datum a Plaz
Donneschdes, den 19. November 2026 um 19:00 Auer
Centre Culturel Eschduerf
1, am Kierchepesch
L-9151 Eschdorf
D’Versammlung fënnt op Lëtzebuergesch statt.
Um Programm
- Presentatioun vum Projet
- Dauer vun den Aarbechten
- Chantier a Verkéier
- Déi verschidde Phase vum Projet
All interesséiert Persoune si häerzlech invitéiert, un dëser Informatiounsversammlung deelzehuelen.




