D’Ponts & Chaussées informéiert, dass de Stroossebelag op der N15 nei gemaach gëtt. Dëst geschitt an dräi Phasen:
𝗣𝗵𝗮𝘀𝗲 𝟭:
Vum 31.03.2026 8:00 Auer bis den 3.04.2026 17:00 Auer ass d’N15 komplett gespaart, tëscht dem Heischtergronn (Restaurant L’Olivo) an dem Schumann. D’Zoufahrte vun der N15 op d’N12, der N26 an der N27 sinn net accessibel.
𝗣𝗵𝗮𝘀𝗲 𝟮:
Vum 3.04.2026 17:00 Auer bis de 7.04.2026 8:00 Auer ass d’N15 fir de Verkéier op. D’Vitesse ass limitéiert op 50 km/h.
𝗣𝗵𝗮𝘀𝗲 𝟯:
Vum 7.04.2026 8:00 Auer bis den 10.04.2026 17:00 Auer ass d’N15 komplett gespaart, tëscht dem Schumann bis bei den Tunnel OA1167 (Esch-Sauer).
Eng Deviatioun gëtt gezeechent. D’Auerzäite kënne wiederbedéngt änneren.
Merci fir Äre Versteesdemech.