Wësst Dir, wéi Dir an engem Noutfall richteg reagéiert? Déi richteg Handgrëffer kënnen an enger kritescher Situatioun den Ënnerscheed maachen.
Dofir bitt de CGDIS dësen Hierscht zu Heischent zwee Éischt-Hëllefs Coursen un: eng Formatioun op Lëtzebuergesch an eng Formatioun op Franséisch. Am Cours ginn ënner anerem déi éischt Mesuren op Accidenter, «Basic Life Support» an d’Reanimatioun vu Kanner behandelt.
Lëtzebuergesch Sessioun
- 20., 27. Oktober, 3. a 10. November 2026
18:00 – 22:00 Auer
Umeldung: Lëtzebuergesch Sessioun
Franséisch Sessioun
- 17. a 24. November, 1. an 10. Dezember 2026
18:00 – 22:00 Auer
Umeldung: Franséisch Sessioun
Béid Formatioune fannen am CIS ALEBËSCH-ESCH-SAUER 3, Am Ale Bësch, L-9158 Heischent statt.
Waart net bis eng Noutsituatioun entsteet. Egal ob Dir de Cours léiwer op Lëtzebuergesch oder op Franséisch besicht: profitéiert vun dëser Geleeënheet fir Fäegkeeten ze léieren, déi enges Daags Liewe rette kënnen.
Savez-vous comment réagir efficacement en cas d’urgence ? Les gestes appris lors d’un cours de premiers secours peuvent faire toute la différence lorsqu’une personne a besoin d’aide.
La Commune d’Esch-sur-Sûre accueille cet automne deux sessions du cours de premiers secours du CGDIS : une session en luxembourgeois et une session en français. Les participants y apprendront notamment les premiers gestes en cas d’accident, le « Basic Life Support » ainsi que la réanimation chez les enfants.
Session en luxembourgeois
- 20, 27 octobre, 3 et 10 novembre 2026
18h00 – 22h00
S’inscrire à la session luxembourgeoise
Session en français
- 17, 24 novembre, 1er et 10 décembre 2026
18h00 – 22h00
S’inscrire à la session française
Les deux formations auront lieu au CIS ALEBËSCH-ESCH-SAUER 3, Am Ale Bësch, L-9158 Heischent.
N’attendez pas qu’une situation d’urgence survienne pour apprendre les bons gestes. Que vous préfériez suivre le cours en luxembourgeois ou en français, profitez de cette opportunité pour acquérir des compétences qui pourront un jour sauver une vie.





