Hutt Dir Loscht, aktiv un engem bessere Zesummeliewen an eiser Regioun matzewierken? Da sidd Dir häerzlech invitéiert an de Biergeratelier ze kommen, wou zesummen Iddien gesammelt an ausgetosch ginn, fir d’Liewen an eiser Gemeinschaft nach méi staark an inklusiv ze gestalten.
An enger oppener an agreabler Atmosphär hutt Dir d’Méiglechkeet, Är Meenung anzebréngen, nei Leit kennenzeléieren an zesummen konkret Virschléi auszeschaffen.
Et ginn zwou Méiglechkeeten proposéiert fir matzemaachen: en Afterwork den 23. Abrëll 2026 zu Nacher (Accueil ab 18:00h) an e Brunch den 26. Abrëll 2026 zu Béiwen (Accueil ab 9:30h). Fir datt och Famillje kënnen dobäi sinn, gëtt eng Kannerbetreiung ugebueden.
D’Plaze si gutt mam ëffentlechen Transport erreechbar, an et stinn och Parkplaze zur Verfügung. Bei Bedarf kann och een Transport organiséiert ginn. Fir d’Evenement ginn Navetten zur Verfügung gestallt.
Mir freeën eis op Är Participatioun an op vill wäertvoll Iddien!
Souhaitez-vous contribuer activement à un meilleur vivre-ensemble dans notre région ? Vous êtes chaleureusement invité à participer à l’atelier citoyen, où des idées seront recueillies et échangées afin de renforcer une vie communautaire plus solidaire et inclusive.
Dans une atmosphère ouverte et conviviale, vous aurez l’occasion de partager votre opinion, de rencontrer de nouvelles personnes et d’élaborer ensemble des propositions concrètes.
Deux possibilités de participation sont proposées : un afterwork le 23 avril 2026 à Nocher (accueil à partir de 18h00) et un brunch le 26 avril 2026 à Bavigne (accueil à partir de 9h30). Afin de permettre également aux familles de participer, une garde d’enfants est prévue.
Les lieux sont facilement accessibles en transports publics et disposent de places de stationnement. Si nécessaire, un transport peut également être organisé. Des navettes seront mises à disposition pour l’événement.
Nous nous réjouissons de votre participation et de nombreuses idées enrichissantes !




