D’Gemeng Esch-Sauer informéiert hir Biergerinnen a Bierger, datt d’Ëffnungszäite vun der Gemengeverwaltung ab der Woch vum 5. Oktober 2026 ugepasst ginn.
Vun deem Zäitpunkt un ass d’Gemengeverwaltung all Mëttwoch fir de Public zou. Dës Upassung erméiglecht et de Mataarbechterinnen a Mataarbechter, sech méi intensiv ëm d’Dossieren an d’Demandë vun de Biergerinnen a Bierger ze këmmeren an dës nach méi effizient ze behandelen.
Mir soen Iech Merci fir Äert Verständnis an Är Zesummenaarbecht.
La Commune d’Esch-sur-Sûre informe ses citoyennes et citoyens que les horaires d’ouverture de l’administration communale seront adaptés à partir de la semaine du 5 octobre 2026.
À partir de cette date, l’administration communale sera fermée au public tous les mercredis. Cette adaptation permettra aux membres du personnel de consacrer davantage de temps au traitement des dossiers et des demandes des citoyennes et citoyens et d’en assurer un traitement encore plus efficace.
Nous vous remercions pour votre compréhension et votre collaboration.




