Orange Week 2026: Ciné-Débat „Hors d’Haleine“ zu Eschduerf

 

D’Gemeng Esch-Sauer bedeelegt sech dëst Joer un der Orange Week, enger Campagne vum Conseil National des Femmes du Luxembourg, déi sech fir d’Bekämpfung vu Gewalt géint Fraen a Meedercher asetzt.

D’Orange Week fënnt all Joer vum 25. November, dem internationalen Dag fir d’Eliminatioun vu Gewalt géint Fraen, bis den 10. Dezember, dem Mënscherechtsdag, statt. D’Faarf Orange steet dobäi fir Hoffnung, Solidaritéit an Engagement fir eng Zukunft ouni Gewalt.

Am Kader vun dëser Campagne invitéiert d’Gemeng Esch-Sauer op e Ciné-Débat mam lëtzebuergesche Film „Hors d’Haleine“ vum Regisseur Eric Lamhène.

Informatiounen

Datum: Mëttwoch, den 9. Dezember 2026
Auerzäit: 19:00 Auer
Plaz: Centre Culturel Eschduerf
Entrée: Fräi

Iwwer de Film

De Film „Hors d’Haleine“ beschäftegt sech mat der Thematik vu Gewalt géint Fraen an den Auswierkunge fir déi betraffe Persounen. Hie regt dozou un, iwwer dëst wichtegt gesellschaftlecht Thema nozedenken an doriwwer an den Dialog ze kommen.

No der Projektioun fënnt eng oppen Diskussiounsronn statt, bei där d’Spectateuren d’Méiglechkeet hunn, Froen ze stellen an sech mat den Invitéierten auszetauschen.

Un der Diskussiounsronn huelen deel

  • Eric Lamhène (Regisseur)
  • Isabelle Schroeder a Spencer Kirpach (MEGA)
  • Isabelle Marchal (Responsabel vun der Maison Sichem zu Walfer)
  • Ana Pinto (Associatioun „La Voix des Survivant(e)s“)
  • Esperanza Martin (Schauspillerin)

D’Gemeng Esch-Sauer freet sech, Iech op dësem Owend begréissen ze dierfen a gemeinsam e staarkt Zeeche géint Gewalt un Fraen a Meedercher ze setzen.

 

 

Dernière modification le 20.11.2026

Des articles de la même catégorie

Aller au contenu principal