Am Kader vu sengen Aktioune “ReUse” sammelt de SIDEC Valisen, Poschen a Rucksäck a senge Ressourcenzenteren. No enger visueller Kontroll duerch d’Mataarbechter vum Ressourcenzenter ginn déi Objeten, déi nach funktionnell sinn, zwecks engem zweete Liewen interesséierten Notzer vum Ressourcenzenter op eege Verantwortung an ouni Garantie rëm zur Verfügung gestallt.
Orange Week 2026: Ciné-Débat „Hors d’Haleine“ zu Eschduerf
D’Gemeng Esch-Sauer bedeelegt sech dëst Joer un der Orange Week, enger Campagne vum Conseil National des Femmes du Luxembourg, déi sech fir d’Bekämpfung vu Gewalt géint Fraen a Meedercher asetzt. D’Orange Week fënnt all Joer vum 25. November, dem...





