
D’Gemeng Esch-Sauer krut am Kader vum Klimapakt beim Audit vum 16. Juni 2026 d’Gold-Zertifizéierung zougesprach. Mat engem Erfëllungsgrad vu 75 % an der Kategorie 4 gëtt den Asaz vun der Gemeng fir de Klimaschutz, eng nohalteg Entwécklung an eng responsabel Gestioun vun den natierleche Ressourcen offiziell unerkannt.
Dëst Resultat reflektéiert déi konsequent Efforten, déi an de leschte Jore vun der Gemeng ënnerholl goufen, fir klimafrëndlech an nohalteg Mesuren ëmzesetzen. Gläichzäiteg bestätegt dës Auszeechnung den Engagement vun der Gemeng, och an Zukunft aktiv zu enger nohalteger Entwécklung bäizedroen.
Mir soen all de Persounen, Mataarbechter, Partner an Acteuren, déi zu dësem Erfolleg bäigedroen hunn, e grousse Merci. Dës Gold-Zertifizéierung ass e gemeinsame Succès a gläichzäiteg een Encouragement, den ageschloene Wee weiderzeféieren.
D’Gemeng Esch-Sauer ass houfreg op dës Unerkennung a wäert sech och weiderhin mat Iwwerzeegung fir de Schutz vum Klima an eng nohalteg Zukunft engagéieren.



