Kuck net ewech – Gëff däi positive Pefferkär!
D’Gemeng Esch-Sauer schléisst sech der nationaler Initiativ „Zivilcourage am Netz“ un a setzt domat e kloert Zeeche fir méi Respekt an e verantwortungsvollen Ëmgang op de soziale Medien. De Projet gouf vu respect.lu an dem Ministère de l’Égalité des genres et de la Diversité lancéiert a sensibiliséiert fir d’Thema Haassrieden am Internet.
Sozial Medie gehéieren haut fir vill Mënschen zum Alldag. Si bidden eng Plaz fir Informatiounen auszetauschen, sech ze vernetzen an un Diskussiounen deelzehuelen. Gläichzäiteg komme mir awer och ëmmer nees mat Beleidegungen, Diskriminatioun an Haasskommentaren a Kontakt. Dofir ass et wichteg, net ewechzekucken, mee am Respekt mateneen ze kommunizéieren an Zivilcourage ze weisen.
Jidderee kann dobäi säin Deel bäidroen. Schonn e positive Kommentar, e Message vu Solidaritéit oder e respektvoll formuléiert Géigenargument kënnen dozou bäidroen, Betraffener z’ënnerstëtzen an e méi respektvollen Dialog ze fërderen.
Ganz am Sënn vun der Campagne ënnersträicht d’Madamm Ministesch Yuriko Backes: „E klenge positive Pefferkär kann e groussen Ënnerscheed maachen!“
D’Initiativ gëtt vun enger Rei Partnerorganisatioune begleet an ënnerstëtzt, dorënner:
- de Ministère de l’Égalité des genres et de la Diversité,
- d’Autorité luxembourgeoise indépendante de l’audiovisuel (ALIA),
- de Kanner- a Jugendtelefon (KJT),
- d’Police Luxembourg – Service national de prévention de la criminalité (SNPC),
- Rosa Lëtzebuerg,
- an den Zentrum fir politesch Bildung.
D’Gemeng Esch-Sauer begréisst dësen Engagement a seet all de Persounen an Organisatioune Merci, déi sech alldeeglech fir méi Respekt, Empathie a Zivilcourage am digitale Raum asetzen.
Weider Informatiounen iwwer de Projet an d’Campagne fannt Dir op:
https://online-zivilcourage.lu/



