
100_Elles – 100 Gemengen. 100 Fraen. 100 Geschichten.
Wéi eng Fra aus eiser Gemeng Esch-Sauer huet sech duerch hiert Engagement, hir Initiativen oder hir Verdéngschter besonnesch ervirgedoen?
Am Kader vun der Initiativ „100_Elles“ vum CNFL (Conseil National des Femmes du Luxembourg) siche mir eng Fra aus eiser Gemeng, där hir Geschicht et wäert ass, erzielt ze ginn, an där hir Verdéngschter mir Éiere wëllen. Egal ob si sech haut oder an der Vergaangenheet engagéiert huet, ob si nach ënnert eis ass oder scho verstuerwen ass – all Virschlag ass wëllkomm!
Wéi kënnt Dir matmaachen?
Schéckt eis wgl. bis spéitstens den 30. Oktober eng E-Mail un info@esch-sur-sure.lu mat follgenden Informatiounen:
Dem Numm vun der Fra, déi Dir proposéiere wëllt.
Eng kuerz Erklärung, firwat si et verdéngt huet, geéiert ze ginn, a wat hir Engagementer oder Verdéngschter besonnesch mécht.
Aus alle Virschléi gëtt eng Fra ausgewielt, déi d’Gemeng Esch-Sauer bei der Initiativ „100_Elles“ vertriede wäert. D’Éierung d’nächst Joer am Kader vum Weltfraendag statt.
Loosst eis zesummen d’Geschicht vun enger aussergewéinlecher Fra erzielen an hir Verdéngschter an de Mëttelpunkt stellen!
Mir freeën eis op Är Virschléi a soen Iech elo scho villmools Merci!


