
Warnung virun extremer Hëtzt
Wéinst den aktuell héijen Temperaturen gëtt drun erënnert, besonnesch virsiichteg ze sinn an déi néideg Schutzmoossnamen ze huelen.
Wichteg Recommandatioune fir Iech ze schützen
- Halt d’Jalousien, Riddoen a Fënsteren am Dag zou a lëft éischter nuets.
- Drénkt reegelméisseg Waasser iwwer den Dag verdeelt (mindestens 1,5 Liter pro Dag).
- Vermeit kierperlech Aktivitéiten an de stäerkste waarme Stonnen, besonnesch tëscht 11:00 an 21:00 Auer.
- Drot eng Kappbedeckung wann Dir no bausse gitt.
- Benotzt liicht, locker a lofti Kleeder.
- Reduzéiert kierperlech Ustrengung a sportlech Aktivitéiten.
- Benotzt Ventilatoren oder Klimaanlagen fir ofzekillen.
- Verbréngt, wa méiglech, Zäit an engem killen oder klimatiséierte Raum.
- Frëscht Iech méi Mol den Dag op (z. B. Dusch oder Waasser op d’Haut).
- Bleift a Kontakt mat eeleren oder vulnerabele Persounen a kuckt regelméisseg no hinnen.
Opgepasst op Warnsignaler
Symptomer wéi staarken Duuscht, Kappwéi, Middegkeet, Schläifregkeet, Verwirrung oder héicht Féiwer kënnen op eng Dehydratioun oder e Hëtzschlag hindeiten. An esou Fäll soll direkt gehandelt ginn.
Besonnesch oppasse sollen
- Eeler Leit
- Kanner
- Persounen mat chronesche Krankheeten
- Persounen ënner medezinescher Behandlung
- Isoléiert Persounen
Avis de chaleur extrême
En raison des températures actuellement élevées, il est recommandé d’adopter les bons gestes afin de se protéger efficacement.
Conseils importants pour vous protéger
- Fermez volets, rideaux et fenêtres pendant la journée et aérez la nuit.
- Buvez régulièrement de l’eau tout au long de la journée (au moins 1,5 litre par jour).
- Évitez les activités physiques aux heures les plus chaudes, entre 11h et 21h.
- Couvrez-vous la tête lors de vos déplacements à l’extérieur.
- Portez des vêtements légers et amples.
- Limitez les efforts physiques et les activités sportives.
- Utilisez un ventilateur ou la climatisation pour vous rafraîchir.
- Privilégiez les endroits frais ou climatisés lorsque cela est possible.
- Rafraîchissez-vous plusieurs fois par jour (douche, eau sur le corps, etc.).
- Restez en contact avec les personnes âgées ou vulnérables et prenez régulièrement de leurs nouvelles.
Soyez attentifs aux signes d’alerte
Une soif intense, des maux de tête, une grande fatigue, une somnolence, une confusion ou une forte fièvre peuvent indiquer une déshydratation ou un coup de chaleur. Une prise en charge rapide est essentielle.
Personnes les plus à risque
- Personnes âgées
- Enfants
- Personnes atteintes de maladies chroniques
- Personnes sous traitement médical
- Personnes isolées



