
Éierunge fir Nationalfeierdag
Léif Matbiergerinnen a Matbierger,
Am Kader vum Virowend vun Nationalfeierdag zu Heischent éiert d’Gemeng och 2026 Mënschen, déi eppes Besonnesches geleescht hunn.
Déi méiglech Kategorië sinn:
Sport
Geéiert ginn d’Sportsveräiner an Eenzel-Sportler aus der Gemeng, déi zanter der Saison 2025 eng aussergewéinlech Leeschtung erreecht hunn (z.B. Opstig, Podiumsplaz, asw.). Dëst gëllt och fir Awunner aus der Gemeng, déi bei engem Veräin ausserhalb vun der Gemeng aktiv sinn.
Geéiert gëtt eng Persoun oder Grupp, déi sech duerch Courage, Generositéit oder aussergewéinlecht Engagement am Déngscht vun hire Matbierger ervirgedoen huet.
Geéiert gëtt eng Persoun oder Grupp, déi sech duerch eng besonnesch kulturell Leeschtung oder en aussergewéinlecht Engagement am kulturelle Liewe vun der Gemeng ausgezeechent huet.
Wann Dir esou eng Persoun kennt, da schéckt, mat hirem Averständnis, hir Referenzen an eng kuerz Beschreiwung vun der Aktioun bis spéitstens den 12. Juni 2026 op d’Gemeng (per Courrier oder per E-Mail: population@esch-sur-sure.lu). Et ass net méiglech sech selwer ze nominéieren.
Distinctions pour la Fête Nationale
Chers concitoyennes et concitoyens,
Dans le cadre de la veille de la Fête nationale à Heiderscheid, la commune honorera également en 2026 des personnes ayant accompli quelque chose de particulier.
Les catégories possibles sont :
Sport
Seront honorés les clubs sportifs et les sportifs individuels de la commune qui, depuis la saison 2025, ont atteint une performance exceptionnelle (p. ex. passage en division supérieure, place sur le podium, etc.). Cela vaut également pour les habitants de la commune actifs dans un club en dehors de la commune.
Service rendu aux concitoyens
Sera honorée une personne ou un groupe qui s’est distingué par son courage, sa générosité ou un engagement exceptionnel au service de ses concitoyens.
Culture
Sera honorée une personne ou un groupe qui s’est distingué par une réalisation culturelle particulière ou un engagement exceptionnel dans la vie culturelle de la commune.
Si vous connaissez une telle personne, veuillez envoyer, avec son accord, ses références ainsi qu’une brève description de l’action au plus tard le 12 juin 2026 à la commune (par courrier ou par e-mail : population@esch-sur-sure.lu). Il n’est pas possible de se nominer soi-même.
Avec nos meilleures salutations,
Le collège échevinal



