
Du bass häerzlech wëllkomm – egal obs du Noute liese kanns, an engem Chouer séngs oder einfach Freed um Sangen hues.
D’Kulturkommissioun vun der Gemeng Esch-Sauer invitéiert op e gemeinsame Sang-Projet ënnert der Leedung vum Laurence Steichen.
Mir sangen a verschiddene Sproochen – jidderee ka matmaachen!
Prouwen am Museksall zu Heischent (12, um Maart, L-9157 Heischent):
Donneschden, 12. November 2026 | 20.00–21.30 Auer
Méinden, 16. November 2026 | 20.00–21.30 Auer
Donneschden, 26. November 2026 | 20.00–21.30 Auer
Optrëtt um Adventsmaart
Samschden, 28. November 2026 géint 19:30 Auer
Participatioun gratis!
Umeldung bis den 9. November:
info@esch-sur-sure.lu oder 83 91 12-1
Organiséiert vun der Kulturkommissioun vun der Gemeng Esch-Sauer



