Gielt Band: hei dierf gepléckt ginn!

Gielt Band: hei dierf gepléckt ginn!

An de leschten Deeg hunn eis Gemengenaarbechter eng ganz Rei Äppel-, Bieren- a Prommebeem mat engem giele Band markéiert.

E gielt Band bedeit: Hei dierft Dir fir Ären eegene Gebrauch gratis Uebst plécken! Esou hëllefe mir zesummen, datt wäertvoll Liewensmëttel net ongenotzt op de Beem oder um Buedem leie bleiwen.

Dir hutt selwer Uebstbeem, deenen hir Friichten Dir gäre mat anere wëllt deelen? Da maacht och bei der Aktioun mat! Déi giel Bänner kënnt Dir op antigaspi.lu ufroen.

Merci un all déi, déi dozou bäidroen, d’Liewensmëttelverschwendung ze reduzéieren an eist lokalt Uebst ze valoriséieren!

Ruban jaune : Ici, vous pouvez cueillir des fruits !

Ces derniers jours, nos équipes communales ont marqué de nombreux pommiers, poiriers et pruniers avec un ruban jaune.

Un ruban jaune signifie : Vous pouvez cueillir gratuitement les fruits de cet arbre pour votre consommation personnelle ! Ensemble, nous contribuons ainsi à éviter le gaspillage alimentaire et à valoriser les fruits de nos vergers.

Vous possédez des arbres fruitiers et souhaitez partager vos récoltes avec d’autres ? Rejoignez vous aussi l’initiative ! Vous pouvez demander des rubans jaunes sur antigaspi.lu.

Merci à toutes celles et ceux qui participent à la réduction du gaspillage alimentaire et à la valorisation de nos fruits locaux !

Dernière modification le 31.07.2026

Des articles de la même catégorie

Communiqué – Brand zu Lëlz

Communiqué – Brand zu Lëlz

Communiqué - Brand zu Lëlz Eschduerf, den 8. Juni 2026 E Samschdegowend (06.06.2026) ass eis Sportshal zu Lëlz duerch e schwéiere Brand beschiedegt ginn. Dës Noriicht huet eis Gemeng, eis Veräiner an hir Memberen déif getraff. Et war en traurege Weekend, deen no enger...

lire plus
Éierunge fir Nationalfeierdag

Éierunge fir Nationalfeierdag

Éierunge fir Nationalfeierdag Léif Matbiergerinnen a Matbierger, Am Kader vum Virowend vun Nationalfeierdag zu Heischent éiert d’Gemeng och 2026 Mënschen, déi eppes Besonnesches geleescht hunn. Déi méiglech Kategorië sinn: Sport Geéiert ginn d'Sportsveräiner an...

lire plus
Aller au contenu principal