Avis au public – Fermeture temporaire de routes du 9 au 11 novembre 2026

D’Ponts et Chaussées informéiert d’Biergerinnen an d’Bierger, datt am Kader vun Aarbechten un de Beem fir de Passage vun engem exceptionellen Transport d’N12, den CR308 an den CR314 tëscht der Hierheck an Eschduerf vum 9. bis den 11. November 2026 temporär fir all Verkéier gespaart ginn.

D’Aarbechte lafen an dräi Phasen of:

PHASE 1 (ROUT)
Méindeg, den 9. November 2026
Spärung vun der N12 (Hierheck – Eschduerf)
Vun 09:00 bis 16:00 Auer

PHASE 2 (BLO)
Dënschdeg, den 10. November 2026
Spärung vum CR308 (Hierheck – Eschduerf)
Vun 09:00 bis 16:00 Auer

PHASE 3 (ROSA)
Mëttwoch, den 11. November 2026
Spärung vum CR314 (Eschduerf – Um Quatre Vents an Eschduerf – An der Driicht)
Vun 09:00 bis 16:00 Auer

Eng entspriechend Beschëlderung gëtt op der Plaz installéiert. Soubal d’Aarbechten ofgeschloss sinn, ginn déi concernéiert Stroossen nees fir de Verkéier opgemaach.

ZOUSÄTZLECH INFORMATIOUN

Um Parking op der Hierheck gëllt e Parkverbuet den 30. Oktober 2026 vun 09:00 bis 16:00 Auer.

L’Administration des ponts et chaussées vous informe que, dans le cadre de travaux d’élagage et du passage d’un transport exceptionnel, les routes N12, CR308 et CR314 entre Hierheck et Eschdorf seront temporairement fermées à toute circulation du 9 au 11 novembre 2026.

Les travaux se dérouleront en trois phases :

PHASE 1 (ROUGE)
Lundi, 9 novembre 2026
Fermeture de la N12 (Hierheck – Eschdorf)
De 09h00 à 16h00

PHASE 2 (BLEU)
Mardi, 10 novembre 2026
Fermeture du CR308 (Hierheck – Eschdorf)
De 09h00 à 16h00

PHASE 3 (ROSE)
Mercredi, 11 novembre 2026
Fermeture du CR314 (Eschdorf – Um Quatre Vents et Eschdorf – An der Driicht)
De 09h00 à 16h00

Une signalisation appropriée sera mise en place. Les routes concernées seront rouvertes à la circulation dès la fin des travaux.

INFORMATION COMPLÉMENTAIRE

Un stationnement interdit sera en vigueur sur le parking de la Hierheck le 30 octobre 2026, de 09h00 à 16h00.

Dernière modification le 21.10.2026

Des articles de la même catégorie

Kannerwonschbam 2026

Kannerwonschbam 2026

 Och dëst Joer organiséieren de Lions Club Grand-Duché Ardennes an den Office Social de Wiltz, zesumme mat de bedeelegte Gemengen, eng nei Editioun vum Kannerwonschbam. Dës flott Solidaritéitsaktioun huet als Zil, Kanner tëscht 0 an 12 Joer aus Familljen a schwierege...

lire plus
Aller au contenu principal