Communiqué – Aktuell Situatioun nom Brand zu Lëlz

Eschduerf, de 5. August 2026

Communiqué – Aktuell Situatioun nom Brand zu Lëlz

Nom Brand an der Sportshal zu Lëlz de 6. Juni 2026 sinn an de leschte Woche vill Reuniounen an Aarbechtssëtzunge mat alle concernéierte Partner ofgehale ginn, fir d’Situatioun ze analyséieren an déi néideg Schrëtt anzeleeden.

D’Gestioun vun engem Schued vun dëser Gréisst ass komplex a brauch Zäit. Nieft den administrativen, techneschen a versécherungstechneschen Demarchë stinn d’Sécherheet an eng gutt Koordinatioun vun den Aarbechten am Mëttelpunkt.

Mëttlerweil sinn d’Aarbechte fir d’Securisatioun vum Site ugelaf. Am Kader vun de bautechneschen Expertisen huet ee leider misse feststellen, datt d’Sportshal net méi ze retten ass. Dofir muss dat ganzt Gebai ofgerappt ginn. Dës Moossnam ass noutwenneg, fir d’Sécherheet um Site dauerhaft ze garantéieren an all weidere Risiko auszeschléissen.

Gläichzäiteg konnt eng wichteg Etapp ofgeschloss ginn: Dat ganzt Material vun de concernéierte Veräiner ass mëttlerweil aus der Sportshal erausgeholl ginn.

Mir kënnen och matdeelen, datt d’Enquête ofgeschloss ass an all kriminell Ursaach fir de Brand ausgeschloss gouf.

Gläichzäiteg denkt de Gemengerot schonn un d’Zukunft. Mir wëllen dësen trageschen Event net nëmmen hannert eis loossen, mee och d’Chance notzen, fir zesumme mat eise Biergerinnen a Bierger an alle concernéierte Partner eng nohalteg an zukunftsorientéiert Léisung fir dëse Site auszeschaffen. Am Kader vun enger Biergerbedeelegung wäert gemeinsam iwwerluecht ginn, wat op dëser Plaz an Zukunft entstoe soll. Eist Zil ass et, eng modern Infrastruktur ze schafen, déi de Besoine vun eise Veräiner, eise Schoulen an der ganzer Bevëlkerung gerecht gëtt.

Zum Schluss wëlle mir allen Awunner, Veräiner, Fräiwëllegen, Asazkräften an de ville Persounen, déi eis an de leschte Wochen ënnerstëtzt hunn, villmools Merci soen. Är Gedold, Är Solidaritéit an Äert Versteesdemech si fir eis vu groussem Wäert.

Mir versécheren Iech, datt d’Gemeng Iech och weiderhin transparent a reegelméisseg iwwer déi nächst Entwécklunge wäert informéieren.

De Schäfferot vun der Gemeng Esch-Sauer

______

 Eschdorf, le 5 août 2026

Communiqué – Situatioun actuelle suite à l’incendie au hall sportif de Lultzhausen

Depuis l’incendie survenu au hall sportif de Lultzhausen le 6 juin 2026, de nombreuses réunions et séances de travail ont été organisées ces dernières semaines avec l’ensemble des partenaires concernés afin d’analyser la situation et de mettre en œuvre les mesures nécessaires.

La gestion d’un sinistre d’une telle ampleur est complexe et demande du temps. Outre les démarches administratives, techniques et liées aux assurances, la sécurité ainsi qu’une bonne coordination des travaux constituent les priorités.

Entre-temps, les travaux de sécurisation du site ont débuté. Dans le cadre des expertises techniques réalisées sur le bâtiment, il a malheureusement été constaté que le hall sportif ne peut plus être sauvé. Le bâtiment devra donc être entièrement démoli. Cette mesure est indispensable afin de garantir durablement la sécurité du site et d’écarter tout risque supplémentaire.

Parallèlement, une étape importante a pu être franchie : l’ensemble du matériel appartenant aux associations concernées a désormais été retiré du hall sportif.

Nous pouvons également informer que l’enquête est désormais clôturée et que toute origine criminelle de l’incendie a été formellement écartée.

Par ailleurs, le conseil communal se tourne d’ores et déjà vers l’avenir. Nous souhaitons non seulement surmonter cet événement tragique, mais aussi saisir cette occasion pour élaborer, avec nos citoyennes et citoyens ainsi qu’avec l’ensemble des partenaires concernés, une solution durable et tournée vers l’avenir pour ce site. Dans le cadre d’une démarche de participation citoyenne, une réflexion commune sera menée afin de définir ce qui pourra être réalisé à cet endroit. Notre objectif est de créer une infrastructure moderne répondant aux besoins de nos associations, de nos écoles et de l’ensemble de la population.

Enfin, nous tenons à remercier chaleureusement tous les habitants, les associations, les bénévoles, les services de secours ainsi que les nombreuses personnes qui nous ont soutenus au cours des dernières semaines. Votre patience, votre solidarité et votre compréhension nous sont d’une grande valeur.

Nous vous assurons que la commune continuera à vous informer de manière transparente et régulière des prochaines évolutions.

Le collège des bourgmestre et échevins de la commune d’Esch-sur-Sûre

 

Dernière modification le 05.08.2026

Des articles de la même catégorie

Gielt Band: hei dierf gepléckt ginn!

Gielt Band: hei dierf gepléckt ginn!

Gielt Band: hei dierf gepléckt ginn! An de leschten Deeg hunn eis Gemengenaarbechter eng ganz Rei Äppel-, Bieren- a Prommebeem mat engem giele Band markéiert. E gielt Band bedeit: Hei dierft Dir fir Ären eegene Gebrauch gratis Uebst plécken! Esou hëllefe mir zesummen,...

lire plus
Communiqué – Brand zu Lëlz

Communiqué – Brand zu Lëlz

Communiqué - Brand zu Lëlz Eschduerf, den 8. Juni 2026 E Samschdegowend (06.06.2026) ass eis Sportshal zu Lëlz duerch e schwéiere Brand beschiedegt ginn. Dës Noriicht huet eis Gemeng, eis Veräiner an hir Memberen déif getraff. Et war en traurege Weekend, deen no enger...

lire plus
Aller au contenu principal