Communiqué – Brand zu Lëlz

Communiqué – Brand zu Lëlz

Eschduerf, den 8. Juni 2026

E Samschdegowend (06.06.2026) ass eis Sportshal zu Lëlz duerch e schwéiere Brand beschiedegt ginn. Dës Noriicht huet eis Gemeng, eis Veräiner an hir Memberen déif getraff. Et war en traurege Weekend, deen no enger erfollegräicher 6. Editioun vun der „Nuit du Sport“ fir eis alleguer e schwieregt Enn geholl huet. Glécklecherweis ass bei dem Virfall kee verletzt ginn.

Als Schäfferot deele mir Är Suergen a sinn an dëser schwéierer Zäit mat eise Gedanke bei alle Betraffenen. Nieft dem materielle Schued hu mir och eng wichteg Plaz vum Duerf- a Veräinsliewe verluer – eng Plaz, wou sech Mënsche begéint hunn, zesumme Sport gemaach a flott Momenter gedeelt hunn. Mir wëssen, datt déi entstane Schied fir verschidde Veräiner e grousse Verloscht bedeiten an den normale Veräinsbetrib staark beaflossen. Mir wënschen Iech vill Courage fir déi nächst Wochen a versécheren Iech, datt mir Iech an dëser Situatioun net eleng loossen.

Op der Plaz waren d’Ekippen aus ganzer 11 Asazzenteren aus der Ëmgéigend: CIS Alebësch, Bauschelt, Clierf, Gréiwels, Grousbus, Angelduerf, Miersch, Rammerech, Réiden, Viichten a Wolz. E ganz grousse Merci geet un si alleguer – duerch hir professionell a couragéiert Aarbecht konnt Schlëmmeres verhënnert ginn.

Wichteg: Mir bieden all d’Biergerinnen an d’Bierger, op kee Fall an d’Gebai eranzegoen oder dem Site ze no ze kommen. Wéinst de schwéiere Schied besteet Gefor, an d’Sécherheetsinstruktioune mussen onbedéngt respektéiert ginn.

Merci fir Äert Verständnis, Är Solidaritéit an Äre Respekt vis-à-vis vun de Betraffenen an den Asazkräft.

De Schäfferot vun der Gemeng Esch-Sauer

___

Communiqué – Incendie à Lultzhausen

Eschdorf, le 8 juin 2026

Samedi soir (06.06.2026), notre hall sportif de Lultzhausen a été endommagé par un violent incendie. Cette nouvelle a profondément touché notre commune, nos associations ainsi que leurs membres. Ce fut un week-end particulièrement triste qui, après une 6e édition réussie de la « Nuit du Sport », s’est achevé de manière dramatique pour nous tous. Heureusement, aucune personne n’a été blessée lors de cet incident.

En tant que collège des bourgmestre et échevins, nous partageons vos inquiétudes et sommes de tout cœur avec toutes les personnes concernées en cette période difficile. Au-delà des dégâts matériels, nous avons également perdu un lieu important de la vie villageoise et associative – un endroit où les gens se retrouvaient, pratiquaient le sport ensemble et partageaient de beaux moments. Nous sommes conscients que les dommages causés représentent une perte importante pour plusieurs associations et auront un impact significatif sur le fonctionnement normal de leurs activités. Nous vous souhaitons beaucoup de courage pour les semaines à venir et vous assurons que la commune ne vous laissera pas seuls face à cette situation.

Les équipes de onze centres d’intervention de la région sont intervenues sur place : CIS Alebësch, Boulaide, Clervaux, Grevels, Grosbous, Ingeldorf, Mersch, Rambrouch, Redange-sur-Attert, Vichten et Wiltz. Nous tenons à leur adresser nos plus sincères remerciements. Grâce à leur professionnalisme, leur engagement et leur courage, des conséquences encore plus graves ont pu être évitées.

Information importante : Nous demandons à toutes les citoyennes et à tous les citoyens de ne pénétrer sous aucun prétexte dans le bâtiment et de ne pas s’approcher du site. En raison de l’importance des dégâts, le danger demeure réel et les consignes de sécurité doivent impérativement être respectées.

Merci pour votre compréhension, votre solidarité et votre respect envers les personnes concernées ainsi qu’envers les équipes de secours.

Le collège échevinal de la commune d’Esch-sur-Sûre

Dernière modification le 08.06.2026

Des articles de la même catégorie

Éierunge fir Nationalfeierdag

Éierunge fir Nationalfeierdag

Éierunge fir Nationalfeierdag Léif Matbiergerinnen a Matbierger, Am Kader vum Virowend vun Nationalfeierdag zu Heischent éiert d’Gemeng och 2026 Mënschen, déi eppes Besonnesches geleescht hunn. Déi méiglech Kategorië sinn: Sport Geéiert ginn d'Sportsveräiner an...

lire plus
Aller au contenu principal