Distinctions à l’occasion de la fête nationale 2024

Léif Matbiergerinnen a Matbierger,

De Gemengerot ass frou Iech matzedeelen, datt och dëst Joer rëm, am Kader vun de Festivitéiten um Virowend vu Nationalfeierdag, zwou Éierunge stattfanne wäerten.

Sportleréierung
Geéiert ginn d’Sportsveräiner an d’Eenzel-Sportler aus der Gemeng, déi ab der Saison 2023 bis elo eng aussergewéinlech Leeschtung erreecht hunn (z.B. en Opstig an eng méi héich Divisioun, eng Podiumsplaz, asw…).
Dëst gëllt och fir individuell Sportler, déi an der Gemeng Esch-Sauer wunnen, hirem Sport awer bei engem Veräin aus enger anerer Gemeng nokommen.
Déi betraffe Veräiner an Eenzelsportler si gebieden, hir Referenze bis den 13. Juni 2024 eranzeginn (per Courrier oder per Email: population@esch-sur-sure.lu).

Éierung fir een Déngscht u senge Matbierger
Geéiert gëtt eng Persoun déi sech an eiser Gemeng bis elo duerch ee besonneschen Akt vu Courage, Generositéit oder Engagement am Déngscht vun hire Matbierger ausgezeechent huet.
Wann Dir esou eng Persoun kennt, da schéckt, mat hirem Averständnis, hir Referenzen an eng kuerz Beschreiwung vun der Aktioun bis den 13. Juni 2024 op d’Gemeng (per Courrier oder per Email: population@esch-sur-sure.lu). Et ass net méiglech sech selwer ze nominéieren.

Chères citoyennes et citoyens,

Le conseil communal a l’honneur de vous informer que pour les festivités de la veille de la fête nationale 2024, il sera de nouveau procédé à deux distinctions.

Remise de mérite sportif
Seront honorés les associations sportives ainsi que les sportifs individuels qui ont fait preuve d’une performance extraordinaire de la saison 2023 jusqu’aujourd’hui (p. ex. un passage en division supérieure, une montée sur le podium etc….).
Pourront aussi être honorés les sportifs individuels qui habitent dans la commune d’Esch-sur-Sûre et pratiquant leurs sports dans une autre commune
Les associations et sportifs concernés sont priés de communiquer leurs références à l’administration communale jusqu’au 13 juin 2024 (par courrier ou par mail: population@esch-sur-sure.lu).

Remise de mérite citoyen
Seront également honorées les personnes qui se sont distinguées dans notre commune par un acte de courage, par leur générosité ou leur engagement au service de leurs concitoyens et concitoyennes.
Si vous connaissez une telle personne, communiquez, avec leur accord, leurs références et une description brève de leurs actions à l’administration communale jusqu’au 13 juin 2024 (par courrier ou par mail: population@esch-sur-sure.lu).

Dernière modification le 31.05.2024

Des articles de la même catégorie

Move the Summer 2024

Move the Summer 2024

Am Programm “Move the Summer” däerf Sport- an Beweegung net fëllen. Gemeng Esch-Sauer freet sech den Aktivitéitenprogramm vun der 5. Editioun “Move the Summer” matzedeelen.Ëmginn vun der Natur, matzen an engem wonnerschéinen Naturpark proposéieren mir iech...

lire plus
Action ReUse Vacances

Action ReUse Vacances

Am Kader vu sengen Aktioune “ReUse” sammelt de SIDEC Valisen, Poschen a Rucksäck a senge Ressourcenzenteren. No enger visueller Kontroll duerch d’Mataarbechter vum Ressourcenzenter ginn déi Objeten, déi nach funktionnell sinn, zwecks engem zweete Liewen...

lire plus
Aller au contenu principal