TËSCHTZWEE

Vollekstheater am Fräien mat Musek a Gesank

geschriwwen an inzenéiert vum Claude MANGEN

D‘1960ger an 1970ger Jore lauden eng nei Zäit an, eng Period vu wirtschaftlechem Opschwong, vu soziale Verännerungen a neie Fräiheeten. De materielle Wuelstand bitt nei Méiglechkeeten. Et ass och eng Zäit vum Ëmbroch, begleet vun Ängschten a Veronsécherung. Dräi Frëndinnen, dräi ënnerschiddlech staark Charaktere sichen hire Wee an eng aner, eng besser Welt; sief et doheem, oder wäit wech vum Duerf an deem se hir Plaz ni konnte fannen. Dës dräi jonk Frae wëllen hiert Gléck fannen!

TËSCHTZWEE inspiréiert sech un den traditionellen Theaterfiguren, d’Meedche vu Gëtzen, Schmattslisy an der Joffer Marie-Madeleine. D’Haaptroll awer spillt d’Duerf a seng Awunner; déi Eeler déi fäerten hir Liewensgewunnechten ze verléieren an déi Jonk, déi dës iwwerlieft Welt wëllen hannert sech loossen.

Tëschtzwee ass op verschidde Manéieren ze verstoen – dat hin an hier gerappt sinn tëscht dem Liewen dobannen an dobaussen, tëscht do bleiwen a fort goen, tëscht Vergaangenheet an Zukunft, tëscht dëssäit an déisäit. Tëschtzwee steet awer och fir dat wat sech tëscht zwee Mënschen ofspillt.

Et spillen: Annette Demuth-Lutgen, Gwenaëlle Dupriez, Charel Elsen, Pit Everling, Steven Fischer, Jean-Marie Gengler, Myriam Goedert, John Hammes, Pätz Hemmer-Dostert, Catherine Heitz, Tatjana Herr, Diane Kuffer, Lol Kuffer, Romaine Kuffer, Annick Magermans, Karin Malini, Dennis Michels, Liz Muller, Christian Napoli, Annick Nickels, Roger Origer, Marco Schank, Mathias Scholl, Gollo Steffen, Monique Steines, Nicole Thull-Donckel, Simone Wagener, Wendy Wagener, Liss Walisch, Pia Walisch

Bün: Jean-Paul Beckerich, Max Berens, Sara Haas, Marc Hemmer, Joé Herrmann, Carlo Muller, René Weis, Bea Dondlinger

Kostümer: Ulli Kremer

Regieassistenz: Jenny Schank

Suite à la forte demande des spectateurs, les organisateurs ont décidé d’ajouter un spectacle supplémentaire en date du 17.08.2023 Nombreuses places disponibles!
Dernière modification le 11.08.2023
Aller au contenu principal