Repair Café

„𝐑𝐞𝐩𝐚𝐢𝐫 𝐂𝐚𝐟é“ 𝐚𝐧 𝐝𝐞𝐫 𝐆𝐞𝐦𝐞𝐧𝐠 𝐄𝐬𝐜𝐡-𝐒𝐚𝐮𝐞𝐫 – 𝐌𝐢𝐫 𝐛𝐫𝐚𝐮𝐜𝐡𝐞𝐧 Ä𝐫 Ë𝐧𝐧𝐞𝐫𝐬𝐭ë𝐭𝐳𝐮𝐧𝐠!
Ganz am Sënn vun der Nohaltegkeet organiséiert d’Kommissioun fir Ëmwelt, Energie a Mobilitéit vun der Gemeng Esch-Sauer di zweet Editioun vum Repair Café. Dofir si mir nach ëmmer op der Sich no motivéierte Leit, déi bereet sinn, a reegelméissegen Ofstänn Samsdes moies hiere Know-How an hir Zäit an dëse Projet ze investéieren.
Egal, obsde Profi am Handwierk oder Expert an der Technik bass – all Fäegkeeten si gefrot (bitzen, bastelen, flécken)!
Hues de Interessi? Da kontaktéier eis iwwer: jenny.schank@esch-sur-sure.lu
Du weess net genee, wat e „Repair Café“ ass? Kee Problem! All Informatioune fënns de op www.repaircafe.lu.
𝐒𝐚𝐯𝐞 𝐭𝐡𝐞 𝐃𝐚𝐭𝐞:
Den zweete Repair Café zu Heischent an der aler Spillschoul bei der Sportshal fënnt samsdes, den 𝟏𝟐. 𝐉𝐮𝐥𝐢 𝟐𝟎𝟐𝟓 vu 9-12 Auer statt!
Mir freeën eis op deng Ënnerstëtzung bei dësem nohaltege, gemeinsame Projet!

Date

12 juillet 2025
Expiré!

Heure

09:00 - 12:00

Lieu

Aal Spillschoul Heischent
QR Code
Aller au contenu principal