
Repair Café
Amplaz futtis Saachen direkt ewechzegeheien, setzt de Repair Café op Reparéieren, Nohaltegkeet a Gemeinschaft. Zu Heischent hunn d’Besicher d’Méiglechkeet, zesumme mat fräiwëllegen Helfer an Expert:innen hir alldeeglech Géigestänn nees flott a funktionell ze maachen. Egal ob et sech ëm Kleedung, Miwwelen, Elektrogeräter, Spillsaachen, Gaardegeschier oder souguer e Vëlo mat enger klenger Pann handelt, jidderee ka laanschtkommen an Hëllef kréien.
Stell der vir: däi Vëlo huet e lockere Bremskabel oder eng platt Pneuen. Amplaz direkt an de Buttek ze goen oder en eventuell opzeginn, kanns du en einfach matbréngen. Zesumme gëtt nogekuckt, gefléckt an erkläert, wéi een eventuell och selwer kleng Reparature maache kann. Genau dat mécht de Geescht vum Repair Café aus: zesumme léieren, reparéieren an nohalteg handelen.
Nieft de Reparature steet awer och dat gemittlecht Zesummesinn am Mëttelpunkt. Bei enger Taass Kaffi an engem gudde Stéck Kuch kënnen d’Leit sech austauschen, nei Iddie sammelen an eng flott Zäit verbréngen.

