
Orange Week – Ciné-Débat: Hors d’Haleine
𝗖𝗶𝗻𝗲́-𝗗𝗲́𝗯𝗮𝘁 𝗺𝗮𝗺 𝗙𝗶𝗹𝗺 « 𝗛𝗼𝗿𝘀 𝗱’𝗛𝗮𝗹𝗲𝗶𝗻𝗲 »
Franséisch Originalversioun mat engleschen Ënnertitelen
Centre Culturel Eschduerf
Entrée fräi, ouni Umeldung
D’Gemeng Esch-Sauer bedeelegt sech dëst Joer un der Orange Week, déi zu Lëtzebuerg vum Conseil National des Femmes du Luxembourg organiséiert gëtt. D’Campagne fënnt all Joers vum 25. November, dem Internationalen Dag fir d’Eliminatioun vu Gewalt géint Fraen, bis den 10. Dezember, dem Mënscherechtsdag, statt. Si mécht op d’Thema Gewalt géint Fraen a Meedercher opmierksam a setzt e staarkt Zeeche fir eng Zukunft ouni Gewalt. D’Faarf Orange steet dobäi fir Hoffnung, Solidaritéit an Engagement.
Als Gemeng wëlle mir eis un dëser wichteger Campagne bedeelegen an d’Thema och lokal siichtbar maachen. Dofir invitéiere mir den 9. Dezember 2026 um 19:00 Auer op e Ciné-Débat mam Film „Hors d’haleine“ am Centre Culturel zu Eschduerf.
De Film vum lëtzebuergesche Regisseur Eric Lamhène beschäftegt sech mat der Thematik vu Gewalt géint Fraen a mat de Konsequenze fir déi Betraffen.
No der Projektioun ass eng Diskussiounsronn virgesinn, an där d’Thematik zesumme mat de Spectateuren opgegraff a reflektéiert gëtt. Si bitt d’Geleeënheet, sech auszetauschen, Froen ze stellen an d’Bewosstsinn fir dës wichteg gesellschaftlech Thematik ze stäerken.
Kommt laanscht, kuckt de Film a diskutéiert mat eis iwwer dëst wichtegt Thema!
Cette année, la commune d’Esch-sur-Sûre participe à l’Orange Week, organisée au Luxembourg par le Conseil National des Femmes du Luxembourg. La campagne se déroule chaque année du 25 novembre, Journée internationale pour l’élimination de la violence à l’égard des femmes, au 10 décembre, Journée des droits humains. Elle vise à sensibiliser à la violence envers les femmes et les filles et à porter un message fort en faveur d’un avenir sans violence. La couleur orange symbolise l’espoir, la solidarité et l’engagement.
En tant que commune, nous souhaitons nous associer à cette importante campagne et rendre cette thématique également visible au niveau local. Dans ce cadre, nous vous invitons le 9 décembre 2026 à 19h00 à un Ciné-Débat autour du film « Hors d’haleine », au Centre Culturel d’Eschdorf.
Réalisé par le cinéaste luxembourgeois Eric Lamhène, le film aborde la thématique des violences faites aux femmes ainsi que leurs conséquences pour les personnes concernées.
Une discussion-débat aura lieu à l’issue de la projection. Elle permettra d’échanger autour de cette thématique, de partager des réflexions et de renforcer la sensibilisation à cet enjeu important de notre société.
Venez nombreux pour découvrir le film et échanger avec nous autour de cette thématique importante !

