Liesung fir Kanner

D’Awunner vum Duerf maachen sech Suergen:
Hire Kinnek Mett ass zënter Kuerzem mat engem schrecklechen Ausschlag geplot. Am Gesiicht huet hie schonn iwwerall faarweg Tëppelen an d’Kränkt schéngt sech weider op säi ganze Kierper, säin Diwwi, seng Decken an doriwwer eraus auzebreeden. Et huet keen eng Léisung parat, weeder d’Dokteren nach soss Experten.

Vläicht kann d’Hex Krixkrax hëllefen?
Ma… wéi kënnt een nëmme bei si erop, an hieren Tuerm, hir däischter Stopp?
Ma… wéi kënnt een nëmme bei si erop, an hieren Tuerm, hir däischter Stopp?
KRIXKRAX ass dem Diplompädagog a Musiker Marc Weydert säi 4. Buch fir Kanner an all déi, déi gäre Geschichte liesen, lauschteren oder virgelies kréien.
Mat dësem Buch, fir dat d’Patty Thielen déi wonnerschéin an detailléiert Illustratioune gemool huet, kruten déi zwee de Lëtzebuerger Buchpräis 2025, deen den 13. November iwwerreecht gëtt. De Marc Weydert ass bannent 4 Joer 3 mol nominéiert ginn fir dee Buchpräis. Den Auteur huet 2021 mat sengem éischte Buch, Verdruddelt Geschichten, de Concours littéraire national gewonnen.