
Lët’z Druddel! – Eng kabarettistesch Liesung vum a mam Marc Weydert
D’Spille mat der Lëtzebuerger Sprooch, d’Verdréine vu bekannte Geschichten, d’An-d’Lächerlecht-Zéie vun agesiesse Gewunnechten a Klischeeën iwwer Männer am Baumaart a Fraen am Schongbuttek, Krankheeten oder deen allsäits beléifte vun de Vakanzen, all dat ass Senges!
De Marc Weydert, Lëtzebuerger Auteur a Laureat vum Concours littéraire national 2021 a vum Lëtzebuerger Buchpräis 2025 kënnt fir e lëschtegen Owend voller Ironie, Wuertwitz a Parodien op Eschduerf a presentéiert seng Sammlung vun humoristeschen Texter a Lidder an engem gesellege Kader. Mat derbäi sinn och en neie Reenert, eng méiglech Fortsetzung vun der Maus Ketti an e Roude Léif, deen esou d’Flemm huet, datt hien d’Paart vum Colmer Schlass klaakt a senger Wee geet, fir eng nei Karriär unzefänken.
Umeldung bis de 17. Oktober op: bib.eschdorf@gmail.com

