Grouss Botz an eiser Gemeng

D’Grouss Botz an eiser Gemeng – Samsdes, de 15. Mäerz 2025

D’Ëmwelt-, Mobilitéit- an Energie-Kommissioun invitéiert ALL d’Awunner:innen aus eiser Gemeng op di traditionell Grous Botz.

Setzt Iech mat eis an fir eng propper Ëmwelt a verbréngt gläichzäiteg ee flotte Moment dobausse mat aneren engagéierte Bierger:innen!

Oflaf:

Samsdes, de 15. Mäerz 2025 botze mir d’Weeër a Stroossen an eiser Gemeng.

Dir kënnt an deem Duerf matbotzen, wou Dir wëllt. Den Treffpunkt ass um 9:00 op de Plazen hei drënner, wou ee Member vun der Ëmwelt-Kommissioun mat Kaarte vun de verschiddene Weeër an Dreckstuten op Iech waart.

Bréngt, wa méiglech, Är eege Sécherheets-Gileten an Händche mat.

Treffpunkten um 9h00:

Ënsber: bei der aler Schoul

Eschduerf: virun der Gemeng

Esch-Sauer: an de Gäert

Heischent: op der Maartplaz virum Konschthaus

Lëlz: bei der Sportshal

Mëtscheed: beim Bistro

Ningsen: virun der Kierch

Toodler & Réngel: zu Toodler, bei der aler Schoul

Virun der Grouss Botz ass kee Ravi virgesinn, mee duerno sidd Dir häerzlech invitéiert, an de Scoutschalet zu Eschduerf (3, am Beedemterwee) tëscht 11h00 an 12h30 op en Teller Zopp an ee Stéck Taart laanschtzekommen. Eng Umeldung ass net néideg.

Mir soen Iech elo schonn e grousse Merci fir Äert Matmaachen!

Date

15 mars 2025
Expiré!

Heure

09:00
QR Code
Aller au contenu principal