Grënnungsversammlung – Klangfabrik Gemeng Esch-Sauer

D’Klangfabrik Gemeng Esch-Sauer invitéiert all interesséiert Musekerinnen a Museker op hir Grënnungsversammlung, déi den 1. Oktober um 19:00 Auer am Centre Culturel zu Eschduerf stattfënnt.

D’Initiativ riicht sech u Kanner, Jugendlecher an Erwuessener aus der Gemeng, déi säit op mannst zwee Joer en Instrument spillen an hir Passioun fir d’Musek gären an engem gemeinsame Kader deele wëllen. Onofhängeg vum Instrument oder vum Alter steet virun allem d’Freed um gemeinsame Musizéieren am Mëttelpunkt.

D’Grënnungsversammlung bitt d’Geleeënheet, de Projet kennenzeléieren, méi gewuer ze ginn iwwert déi geplangten Aktivitéiten an sech mat anere Museksbegeeschterten auszetauschen.

Fir weider Informatioune kann een sech per E-Mail u klangfabrik.comite@gmail.com wenden.

Date

01 octobre 2026

Heure

19:00

Lieu

Nouveau Centre Culturel Eschdorf
1, am Kierchepesch

Organisateur

Klangfabrik Gemeng Esch-Sauer
Email
klangfabrik.comite@gmail.com
QR Code
Aller au contenu principal