Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch: Konferenz mam Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch

26.09.2026, 18:00 Auer
Centre Culturel Eschduerf (1, Am Kierchepesch, L-9151 Eschduerf)
Entrée: Fräien Entrée, ouni Umeldung

Konferenz mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch: Variatioun am Lëtzebuergeschen
Conferencièren: Dr. Nathalie Entringer an Dr. Sara Martin

Bussen oder Busser? Hatt oder si? Drucker, Printer oder Imprimante? Leit oder Lékt?

Dëse Virtrag vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch gëtt en Abléck an d’Variatioun an och d’Dialekter vum Lëtzebuergeschen. Zesumme kucke mer eis déi vill Facettë vun der Lëtzebuerger Sprooch un a fanne mat Hëllef vu verschiddene Beispiller eraus, wéi eng Facteuren de Gebrauch vun ënnerschiddleche Wierder beaflossen. Ass et d’Regioun, aus där ee kënnt, den Alter oder ieren den Afloss vun enger anerer Sprooch?

Freet Iech op eng Konferenz mat villen interaktiven Elementer a flotte Beispiller aus eiser Sprooch.

Organiséiert vun der Kulturkommissioun vun der Gemeng Esch-Sauer.
An Zesummenaarbecht mat der Gemeng Esch-Sauer, der Bibliothéik Eschduerf, dem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch an dem Kulturministère.

Date

26 septembre 2026

Heure

18:00

Lieu

Nouveau Centre Culturel Eschdorf
1, am Kierchepesch

Organisateur

Commission culturelle
QR Code
Aller au contenu principal