
Course des Garçons de Café 2026
De Club des Jeunes Esch-Sauer invitéiert den 11. Juli 2026 op déi traditionell an ënnerhalend Course des Garçons de Café.
D’Participanten trieden als éischt an enger Qualifikatioun mat Hindernisparcours op Zäit un. Déi Bescht qualifizéiere sech fir d’Final, eng spektakulär Course duerch d’Duerf Esch-Sauer, bei där Geschécklechkeet, Vitesse a Gläichgewiicht gefrot sinn.
Programm:
- Kanner: 14:00 Auer
- Erwuessener: 16:00 Auer
- Promilaaf: 17:30 Auer
Aschreiwung:
- Iwwer Payconiq: 691 642 567
- Oder direkt op der Plaz
- Kanner: 5 € (Medail abegraff)
- Erwuessener: 10 €
Op d’Gewënner waarden vill flott Präisser.
Kommt laanscht fir e sportlechen a gesellege Nomëtteg am schéinen Esch-Sauer!

