
Concert de l’Épiphanie
D’Philharmonie Esch-Sauer invitéiert häerzlech op hieren traditionelle Neijoerschconcert.
De Concert fënnt e Sonndeg, den 3. Januar 2027 um 16:00 Auer an der Kierch zu Esch-Sauer statt. Ënnert der musikalescher Leedung vum Fernand Meunier duerfen d’Visiteuren sech op e flotte musikalesche Nomëtteg freeën. Duerch de Programm féiert d’Myriam Zoetaert-Goedert.
Datum: 3. Januar 2027
Auerzäit: 16:00 Auer
Plaz: Kierch Esch-Sauer
Entrée: Fräi Entrée

