
Adventsmaart
D’Entente vun den Eschduerfer Veräiner invitéiert Iech häerzlech op den Adventsmaart zu Eschduerf.
Samschdes, den 28. November 2026
Vu 16:00 bis 23:00 Auer
Bei der Gemeng zu Eschduerf
Fräien Entrée
Kommt laanscht a genéisst déi festlech Atmosphär mat flotte Maartstänn, kreativen Hobbykënschtlerinnen a Hobbykënschtler, engem Optrëtt vun der Klangfabrik, dem neien Jugendorchester vun der Gemeng Esch-Sauer, souwéi enger gudder Versuergung mat Iessen a Gedrénks. Fir déi richteg Wanterstëmmung ass och eng Glüh-Bar dobäi.
De Kleesche kënnt um 17:30 Auer op Besuch.
D’Entente vun den Eschduerfer Veräiner freet sech, vill Visiteuren zu Eschduerf begréissen ze dierfen an zesummen eng gemittlech Adventszäit anzelauten.

