Vakanz Doheem (Campagne COVID19)

Léif Partner aus dem Éislek,

vir de Betriber aus der Regioun aus der Corona-Kris ze hëllefen start den ORT Éislek, mat professioneller Ënnerstetzung vun der HORESCA an der CAMPRILUX, ee speziellen Projet.

Ziel vun dëser Initiative ass et, virun allem d’Leit aus dem Inland an dem noen Grenzgebitt no der Kris dozou ze animéieren, Vakanz Doheem ze maachen an e puer Deeg am Éislek ze verbréngen.

Vir dëst ze realiséieren schaffen mir vir d‘éischt ee Forfait aus, den all Hotel a Camping ubidden kann. D’Clienten kréien ee Programm virgeschloen, mat dem si innerhalb vu 4 Deeg déi schéinsten Platzen aus dem Éislek entdecken an d’Regioun mat all hiren Facetten kennen léieren. Een éischt Beispill dozou fannt dir an der Annexe.
Lues a lues schaffen mir nach weider esou Programmer / Erliewnisser aus.

Mir géingen eis freeën, wann esou vill Betriber wéi méiglech mat maachen géingen.​
Wann dir interesséiert sidd, fannt dir ënnert dësem Bäitrag en Formular vir iech un ze mellen. Mir géingen iech bieden, de Formular bis spéitstens de 5. Mee auszefëllen an zeréck ze schécken.

Weider Detailer kritt dir dann an enger zweeter Phase vun eis matgedeelt.

Dernière modification le 10.12.2021
Aller au contenu principal