
Wanterfest
De Club des Jeunes Esch-Sauer invitéiert Iech häerzlech op hiert Wanterfest de 6. Dezember 2026 an der Aler Schoul zu Esch-Sauer.
De Programm fänkt um 11:00 Auer mat engem Chrëscht-Apero un. Ab 12:00 Auer ginn traditionell Kniddelen à volonté zerwéiert, Dessert inclus. De Präis läit bei 20 € fir Erwuessener an 10 € fir Kanner.
Fir déi jéngst Visiteure kënnt de Kleeschen um 14:00 Auer laanscht a suergt fir eng flott Chrëschtstëmmung fir Grouss a Kleng.
Umeldung erfuerderlech bis den 29. November 2026.
Kontakt:
- E-Mail: club.des.jeunes.esch.sur.sure@gmail.com
- Telefon: 691 642 567

