Workshop mam Dina Melnikova

Den 11. an 13. September 2026 vun 14:00 bis 18:00 Auer sidd Dir häerzlech invitéiert, bei der Entstéiung vun enger participativer Fresque bei der aler Schoul zu Esch-Sauer matzemaachen zesumme mat der Kënschtlerin Dina Melnikova.

D’Zil vun dëser Fresque ass et eng sensibel a kënschtleresch Interpretatioun vun Esch-Sauer ze weisen an net eng klassesch touristesch Duerstellung vum Duerf ze schafen. Fir d’Motiv ze entwéckelen, huet d’Kënschtlerin sech vu verschiddenen Elementer aus Esch-Sauer a senger Ëmgéigend inspiréiere gelooss:

💧 D’Waasser, dat iwwerall präsent ass an Esch-Sauer staark charakteriséiert
🌿 D’Planzen, déi an de Ruine vum Schlass wuessen
🐦 D’Déieren, déi an de Ruine liewen, wéi de Mauersegler an d’Mauereidechs
🌲 De Bësch, deen d’Duerf ëmgëtt
🧵 D’Motiv vum Weben, als Referenz un d’Geschicht vum Duerf an de Musée vun der Duchfabrik
🌊 D’Kontur vum Séi an der Sauer, déi sech duerch dës Landschaft zéien an déi verschidden Elementer verbannen

🖌️ Elo sidd Dir un der Rei!

D’Fresque ass fir jiddereen op: Awunnerinnen an Awunner, och Kanner, si wëllkomm fir mat ze molen an hiren eegene Bäitrag zu dësem gemeinsame Konschtwierk ze leeschten.

Dir musst keng Erfarung am Molen hunn! D’Dina Melnikova ass op der Plaz a wäert de Participanten erklären, se guidéieren an ënnerstëtzen.

👕 Fir d’Participanten stinn Schutzmoossname fir d’Kleeder zur Verfügung. Well d’Faarf fir den Asaz dobaussen geduecht ass a sech net esou einfach vun der Haut oder aus de Kleeder ewechmaache léisst, ass et recommandéiert Kleeder unzedoen, déi dierfen dreckeg ginn.

👨‍👩‍👧 Kanner mussen an der Begleedung vun engem Elterendeel oder enger verantwortlecher Persoun sinn.

📅 11. & 13. September 2026
🕙 14:00 – 18:00 Auer
📍 Al Schoul Esch-Sauer

Kommt laanscht, huelt de Pinsel an d’Hand a maacht mat bei dësem gemeinsame Konschtwierk, dat vun der Natur, der Geschicht an der Identitéit vun Esch-Sauer inspiréiert ass! 🎨🌿

__________________________________

Le 11 et 13 septembre 2026, de 14h00 à 18h00, venez participer à la création d’une fresque participative à l’Ancienne école d’Esch-sur-Sûre, aux côtés de l’artiste Dina Melnikova.

L’objectif de cette fresque est de proposer une vision sensible et artistique d’Esch-sur-Sûre, plutôt qu’une représentation touristique classique du village. Pour imaginer le motif, l’artiste s’est inspirée de différents éléments caractéristiques du lieu et de son environnement :

💧 L’eau, omniprésente et indissociable d’Esch-sur-Sûre
🌿 Les plantes qui poussent dans les ruines du château
🐦 Les animaux qui habitent les ruines, comme le martinet noir et le lézard des murailles
🌲 La forêt qui entoure le village
🧵 Le motif du tissage, en référence à l’histoire du village et au musée de la Draperie
🌊 La silhouette du lac et de la rivière, qui traversent et relient l’ensemble de ces éléments

🖌️ À vous de participer !

La fresque sera ouverte au public : les habitant·e·s, enfants compris, sont invité·e·s à venir peindre et à apporter leur propre contribution à l’œuvre.

Pas besoin d’avoir de l’expérience en peinture ! Dina Melnikova sera présente pour expliquer, guider et accompagner les participant·e·s tout au long de la réalisation.

👕 Des protections pour les vêtements seront prévues. Comme la peinture utilisée est destinée à l’extérieur et peut être difficile à enlever de la peau ou des vêtements, il est recommandé de porter des vêtements adaptés.

👨‍👩‍👧 Les enfants doivent être accompagnés par un parent ou un responsable.

📅 11 & 13 septembre 2026
🕙 14h00 – 18h00
📍 Ancienne école d’Esch-sur-Sûre

Venez mettre la main à la peinture et contribuer à une œuvre collective inspirée par la nature, l’histoire et l’identité d’Esch-sur-Sûre ! 🎨🌿

Date

11 septembre 2026

Heure

14:00 - 18:00

Lieu

Al Schoul Esch-Sauer

Organisateur

Esch(t)Kultur
Esch(t)Kultur
QR Code
Aller au contenu principal