
Open-Air Kino Esch-Sauer: Eng nei Zäit
Entrée: Fräi
Al Schoul zu Esch-Sauer
Déi Al Schoul vun Esch-Sauer verwandelt sech e Weekend laang an ee gesellegen Open-Air Kino. Entdeckt zwee besonnesch Wierker aus der Lëtzebuerger Filmgeschicht, déi allebéid mam Lëtzebuerger Filmpräis honoréiert goufen – vun engem historeschen Drama iwwer d’Nokrichszäit bis zu enger kultescher Superhelde-Komedie.
Programm
31.07.2026 – 20:00
Eng nei Zäit (Christophe Wagner, 2015) – Lëtzebuergesch Versioun mat Engleschen Ënnertitelen
Dem Christophe Wagner säin historesche Film spillt an der Lëtzebuerger Nokrichszäit.
1945 kënnt de Jules aus dem Krich zeréck a probéiert sech an engem vum Krich gepräägte Land en neit Liewen opzebauen. Wéi seng Verloobt ermort op fonnt gëtt, féiert eng Enquête hien an déi däischter Säite vun der Occupatioun an den direkten Nokrichsjoren.
De Film gouf 2016 mam Lëtzebuerger Filmpräis als Beschte Lëtzebuerger Spillfilm ausgezeechent.
02.08.2026 – 20:00
De Superjhemp retörns (Félix Koch, 2018) – Lëtzebuergesch Versioun mat Engleschen Ënnertitelen
Dem Félix Koch seng Verfilmung vum kultesche Lëtzebuerger Comic Superjhemp erzielt d’Geschicht vum Charel Kuddel, engem Beamten an der Midlife-Crisis, deen seng verluer Superkräften erëmfanne muss, fir Lëtzebuerg virun enger kosmescher Katastroph ze retten. Mat vill Humor, Referenzen op d’Lëtzebuerger Kultur an engem markanten Held ass de Film zu engem grousse Publikumserfolleg ginn.
2021 gouf de Film mam Lëtzebuerger Filmpräis als Beschte Lëtzebuerger Spillfilm ausgezeechent.
_______________________________________________
Open-Air Cinema
Admission: Free
Former School in Esch-sur-Sûre
For one weekend, the former school in Esch-sur-Sûre is transformed into a welcoming open-air cinema. Discover two remarkable works from the history of Luxembourgish cinema, both of which received the Lëtzebuerger Filmpräis: a historical drama about the post-war period and a cult superhero comedy.
Programm
31.07.2026 – 20:00
Eng nei Zäit / Tomorrow after the war (Christophe Wagner, 2015) – Luxembourgish version with English subtitles
Christophe Wagner’s historical drama is set in post-war Luxembourg. In 1945, Jules returns from the war and tries to rebuild his life in a country deeply scarred by the conflict. When his fiancée is found murdered, an investigation leads him to uncover the hidden truths surrounding the Occupation and the first years after the war.
The film received the Lëtzebuerger Filmpräis for Best Luxembourgish Feature Film in 2016.
02.08.2026 – 20:00
De Superjhemp retörns / Superjhemp Returns (Félix Koch, 2018) – Luxembourgish version with English subtitles
Adapted from the famous Luxembourgish comic book character Superjhemp, Félix Koch’s film tells the story of Charel Kuddel, a civil servant facing a midlife crisis who must rediscover his superpowers in order to save Luxembourg from a cosmic catastrophe. With plenty of humour, numerous references to Luxembourgish culture, and an iconic hero, the film was a great success with audiences.
In 2021, it received the Lëtzebuerger Filmpräis for Best Luxembourgish Feature Film.


