
MOVE THE SUMMER
Ëmgi vun der Natur an am Häerz vun engem wonnerschéinen Naturpark proposéiere mir iech de ganze Summer iwwer ofwiesslungsräich kierperlech Aktivitéiten, déi Freed maachen, gutt doen a fir vill Spaass suergen.
D’Aktivitéite sinn all gratis a fir all Alter.
#GemengEschSauerLieftSport
YOGA MAM SARAH CATTANI
Yoga zu Ënsber op der Plage
18:30 – 19:30 Auer
- Méindeg, 29. Juni 2026
- Méindeg, 06. Juli 2026
- Méindeg, 27. Juli 2026
- Méindeg, 24. August 2026
- Méindeg, 31. August 2026
Yoga op der Buerg zu Esch-Sauer
10:30 – 11:30 Auer
- Samschdeg, 05. September 2026
- Sonndeg, 06. September 2026
- Sonndeg, 13. September 2026
Umeldung: QR Code – Whatsapp Grupp


FIT OUTDOOR MAT DER PERSONAL TRAINING ACADEMY
Outdoor Fitness Sessions fir jiddereen – egal ob Ufänger oder Fortgeschratten. Bréngt w.e.g. eng Gymnastik- oder Yoga-Matt mat, souwéi genuch Waasser fir den Training.
Campus Am Ale Bësch (Sportshal oder outdoor – jee no Wieder)
18:30 Auer
- Dënschden, 07. Juli 2026
- Dënschden, 14. Juli 2026
- Dënschden, 21. Juli 2026
- Dënschden, 28. Juli 2026
- Dënschden, 04. August 2026
- Dënschden, 11. August 2026
- Dënschden, 18. August 2026
- Dënschden, 25. August 2026
- Dënschden, 01. September 2026
- Dënschden, 08. September 2026
Umeldung: QR Code – Whatsapp Grupp


SPORTLECH AKTIVITÉITE MAM CLUB UEWERSAUER
RÉCKEGYMNASTIK
Vermeit Réckwéi: Einfach Übunge fir jiddereen, deen de Réck an d’Kräiz stäerke wëll. Umeldung bis den 02.07. op dem Tel: 2740 2780 oder clubuewersauer@i-a.lu
- Freides, 03. Juli 2026
YOGA MEETS PILATES
Ganzheetlechen Training fir Geescht a Kierper. Eng Kombinatioun aus de Beweegungen an der Achtsamkeet aus dem Yoga a Pilates.
Umeldung bis den 03.07. op dem Tel: 2740 2780 oder clubuewersauer@i-a.lu
- Samschdes, 04. Juli 2026
BOWLING
Freet Iech op eng spannend Partie Bowling, Billard, Darts … egal wéi d’Wieder ass. Umeldung bis den 10.08. op dem Tel: 2740 2780 oder clubuewersauer@i-a.lu
- Freides, 17. Juli 2026


ZIRKUS WORKSHOP MAM JONN HAPPI
An dëser spannender a villfälteger Zirkusaktivitéit entdecke mir d’Konscht vum Jongléieren, probéieren eis un der Loftakrobatik um Trapez a léiere Gläichgewiicht-Technike wéi de Seeldanz.
Zirkuszelt um Camping Fussekaul (Säit vum Camping Butteck)
19:00 – 21:00 Auer
- Freideg, 17. Juli 2026
- Freideg, 24. Juli 2026
Keng Umeldung néideg
STAND-UP PADDLE & CANOE
Youth Hostel Lëlz
Awunner aus der Gemeng profitéiere vun enger Remise vu 4€ pro Locatioun.
Mir recommandéieren eng Online-Bezuelung. D’Reservatioun soll dobäi zum volle Präis gemaach ginn, déi 4€ ginn duerno am Youth Hostel rembourséiert.
Den Dag vun der Aktivitéit muss eng valabel Parking Vignette virgewise ginn als Beweis, datt een an der Gemeng wunnt. Dës Parking Vignette kritt een am Virfeld op der Gemeng zu Eschduerf.
Keng Umeldung néideg.

VËLO SUMMER
De Vëlo Summer ass erëm zréck – eng flott Initiativ, un där d’Gemeng Esch-Sauer zesumme mam Naturpark Öewersauer deelhëlt. D’Streck féiert vun der Giewelsmillen bis op Lëlz, ideal fir Famillen a Fräizäit-Vëlosfuerer.
Ënnerwee stinn Iessstänn an eng Navett gëtt vum Naturpark Öewersauer organiséiert.
- Samsches, 18. Juli 2026
- Sonndes, 19. Juli 2026
Keng Umeldung néideg


VËLO.LU
ProVelo an FSCL presentéieren iech de velo.lu – de Lëtzebuerger Vëloskalenner! Eng Online Platform fir alles ronderëm de Vëlo hei zu Lëtzebuerg ze resuméieren: Vu Sport a Competitiounen, iwwer After-Work Social Rides a relax Sortië mam Vëlo de Weekend, bis hin zu Vëlosoccasiounsmäert, Reparaturatelieren, Vëlosschoulen, Filmowender a Virträg ronderëm de Vëlo…!
Maacht mat! Drot är Evenementer an de Kalenner fir eng besser a méi kloer Kommunikatioun ronderëm de Vëlo hei zu Lëtzebuerg.
GEFÉIERT RANGERWANDERUNG
Grouss a Kleng entdecken op enger Wanderung den Naturpark Öewersauer. Entdeckt zesumme mat eisem Naturpark-Ranger Tom déi schéinste Wanderweeër mat hiren Highlights.
Während der Wanderung gi verschidden Themen opgegraff, wéi de Stauséi, de Waasserschutz, wëll Déieren a villes méi.
Sproochen: LU, DE, FR
+/- 8 km
9:00 – 12:00 Auer
- Sonndes, 28. Juni 2026
- Sonndes, 26. Juli 2026
Umeldung: Op www.naturpark-sure.lu oder Tel. 89 93 31-1

WANDERE RONDERËM DE STAUSÉI
Move the summer – op eege Fauscht!
Entdeck de Stauséi a séng Wanderweeër mat der Stauséinavette.
De Circuit du lac ass dem een oder aneren ze wäit. Mat der Stauséinavette kann ee sëch seng Etappen andeelen, wéi ee wëll.
Op kuerz oder laang Strecken – d’Stauséi-Navette hällt an den Dierfer ronderëm de Stauséi a bréngt een séier zréck op den Ausgankspunkt.
Notzt déi schéin Joereszäit fir d’Wanderpied ze entdecken a profitéiert vun der Stauséi-Navette déi de ganzen Summer iwwer all Weekend a Feierdag am Stonnentakt ënnerwee ass.
Dat garantéiert maximal Flexibilitéit fir Är Wanderungen.
Déi exakt Fuerzäiten sinn op www.mobiliteit.lu ze fannen.
DISCOVER PICKLEBALL MAM TC NORDSTAD
Entdeckt Pickleball – dee Sport, deen d’Welt begeeschtert! Hutt Dir Loscht, en neie Sport auszeprobéieren, dee Spaass mécht an einfach ze léieren ass? Pickleball kombinéiert Elementer aus Tennis, Badminton a Ping-Pong a bitt séier Erfollegserliefnesser fir Ufänger. Op eisem Event « Discover Pickleball » hutt Dir d’Méiglechkeet, de Sport selwer auszeprobéieren, d’Grondreegele kennenzeléieren an déi eenzegaarteg Atmosphär vum Pickleball z’erliewen.
Egal ob eleng, mat Frënn oder der Famill – jiddereen ass wëllkomm!
Sportshal Eschduerf, Campus Am Ale Bësch
13:00-16:00
Alter: 10-99 Joer
- Samschdes, 12. September 2026
Keng Umeldung néideg

Organiséiert an offréiert vun der Jugend- a Sportskommissioun vun der Gemeng Esch-Sauer an Zesummenaarbecht mat dem Naturpark Öewersauer, dem Club Uewersauer, dem Youth Hostel Lëlz, dem Sarah Cattani, dem Jonn Happi, der Personal Training Academy an dem TC Nordstad.


