Bibliothèque Eschdorf

D’Aschreiwung an der Bibliothéik sou wéi d’Ausléine vun de Bicher si gratis.

Iwwer ebooks.lu hutt dir mat Ärer Aschreiwung d‘Méiglechkeet digital Bicher an Hörbicher an däitscher, englescher a franséischer Sprooch gratis auszeléinen.

D‘Plattform a-z.lu gëtt Iech Accès op all Dokumenter vun de lëtzebuerger Bibliothéiken, hei kennt Dir Är Dokumenter recherchéieren a reservéieren.

Aktuell verfügt d‘Eschduerfer Bibliothéik iwwer ronn 12.000 Dokumenter.

Fir wieder Informatioune rufft gäre wärend den Ëffnungszäiten un op der Telefonsnummer 89 97 53 oder schreift eng Email u bib.eschdorf@gmail.com.

Adress: 4, op der Knupp Eschduerf
Tel: 89 97 53
E-Mail: bib.eschdorf@gmail.com

Eis Dir ass op:

Dënschdes vun 13:00-17:00 Auer
Mëttwochs vun 18:00-20:00 Auer
Donneschdes vu 14:00-18:00 Auer
Samschdes vun 10:00-12:00 Auer

Egal wéi Dir de Wee bei eis fannt, ob zu Fouss oder online, häerzlech wëllkomm an der Eschduerfer Bibliothéik.​

Klengen Historik:​​

November 1998: Grënnung vun der Eschduerfer Bibliothéik op Initiativ vu Stad a Land an der Gemeng Heischent als Leader II Projet mat Ënnerstëtzung vum Kulturministère.

Fréijoer 1999: D’Bibliothéik Eschduerf mécht hir Diren op.​

November 2005: Fir d’Geschécker vun der Bibliothéik gëtt d’a.s.b.l. liesen@lauschteren zoustänneg. D’Onkäschte vun der Bibliothéik gi gedroe vum Kulturministère an der Gemeng

Januar 2007: D’Bibliothéik Eschduerf ass Matgrënner a gëtt Member vun der Union Luxembourgeoise des Bibliothèques Publics ULBP www.ulbp.lu

2008: D’Raimlechkeete vun der Bibliothéik platzen definitiv aus allen Néit. Déi Verantwortlech vun der Heischter Gemeng décidéieren, den eidele Butték vum Séi fir d’Bibliothéik zur Verfügung ze stellen.

Juni 2009: offiziell Aweiung vun der neier Bibliothéik.

2011-2012: An nach eng grouss Ëmstellung fir eng kleng Bibliothéik: Fir de Statut vun enger ëffentlecher Bibliothéik ze kréien, hänke mir eis un de gemeinsame Katalog vun den ëffentleche Bibliothéiken www.a-z.lu . Dest erlaabt et, ënner anerem, eise Lieserinnen a Lieser, vun elo un och online an eise Regaler ze sichen.

September 2012: Eschduerf kritt de Statut „ëffentlech Bibliothéik ».​

Dernière modification le 27.08.2026
Aller au contenu principal